Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC The Belval Belvaux 4:1 (2:1)

1:0 12' Da Rocha, 1:1 21', 2:1 45' Lombardini

3:1 59' De Lemos, 4:1 90' Tria

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Insgesammt huet Tricolore verdéngt géint Bieles gewonn, obwohl net alles Gold war, wat geglänzt huet.

Et war ausgeglach am Ufang, an der 12' ass Tricolore a Féierung gaang, wéi den Orlando da Rocha mat engem Dréischoss an de rietse Wénkel dem Bieleser Keeper keng Chance gelooss huet. Tricolore Ofwier hat awer och Problemer an ass an der 21' bestrooft ginn, wéi e Bieleser Spiller de Ball vum 16er an den Eck gesat huet. Tricolore hat dueno nach gutt Chancen, sinn awer net genotzt ginn. Bieles hat dunn och nach eng gutt Chance fir a Féierung ze goen. Virun der Paus huet Tricolore dunn nach den 2:1 erzielt, no enger Flank vu lénks op den 2.Poto huet de Pietro Lombardini mam Kapp eragesat.

No der Paus, huet Tricolore de Mätch +- geeréiert, an hat Bieles am Grëff. Tricolore huet sech weider gutt Chancen erausgespillt. An der 59' ass de Filipe De Lemos fräigespillt ginn, an hien huet den 3:1 geschoss. No weider gutt Offensivaktiounen, wou näischt dobäi eraus komm ass, huet de Mino Tria den 4:1 an der 90' geschoss, wéi hien d'Bieleser Ofwier ausgespillt huet, an volley an den eidele Goal gesat huet.

Verdéngt gewonn géint eng superjonk Bieleser Equip.

Kompliment un déi Bieleser, dass si nom Mätch nach zu vill zesumme bliwwe sinn.