Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 08.03.2015 16.00h : AS Luxembourg Porto - FC Tricolore Gasperich 1:0 (0:0)

1:0 76' ASL Porto

 

Wieder : sonneg, +- 15°

Terrain : schlecht, déif, knubbeleg

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

 

 

Op engem schlechten Terrain huet Tricolore onglécklech mat 0:1 verluer.

Tricolore hat eng Riesechance an der éischter Halschent fir a Féierung ze goen, mee den Amilton Jesus huet de Ball ganz fräi driwwer gesat. An der 2.Halschent huet ASL Porto den Drock erhéischt, a leider ass Tricolore nees op d'Verléirerstrooss geroden.

Den Asaatz huet op der Tricolore Säit total gestëmmt.