Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,18.11.2007 14.30h : Junglinster - Tricolore 3:2 (2:0)
Wieder : kal, +-5°
Terrain : OK
Zuschauer : 90
1:0 8', 2:0 14' 
3:0 54', 3:1 65' Antonicelli, 3:2 79' Buffadini
 
Zu Jonglënster ass Tricolore ze spéit an de Mätch komm.
 
Déi éischt 15' huet Tricolore reegelrecht gepennt an ass kaum iwert d'Mëttellinn komm, logësch Konsequenz : 2:0 schon no 14'.
Den 1:0 an der 8' ass duerch e Fräistouss vu riets entstann, wéi de Ball an de Strofraum bruecht ginn ass, an e Jonglënster Spiller
konnt fräi mam Kapp erasetzen. Jonglënster huet d'Spill weider dominéiert an an der 14' heut et ërem gerabelt. E Jonglënster Spiller
huet op der lénkser Säit e Spazéiergang duerch Tricolore Ofwier gemaach, bis en de Ball an d'Maschen gesat huet. Dueno ass Tricolore
aus dem Dornröschenschlof opgewescht an huet och matgespillt. Chancen waren awer kaum dobäi erauskomm. Jonglënster hat nach
eng oder déi aner geféierlëch Aktioun fir de Score eropzeschrauwen. 
 
An der 2.Halschent war dunn Tricolore méi preesent, d'Equip huet awer an der 56' den 3:0 kasséiert, well d'Verteidigung net am Bild war.
No 60' huet Tricolore dunn d'Spill an de Grëff krut, an huet sech gutt Chancen erausgespillt. An der 65' konnt de Carlo Antonicelli no engem
propere Schoss am 16m zum 3:1 verkierzen. Den 3:2 huet de Steve Buffadini geschoss, wéi de Carlo Antonicelli sech clever am Jonglënster
Strofraum gedréit huet, säi Schoss ass ofgewiert ginn, an de Steve Buffadini huet den Ofpraller an d'Netz gesat. De Steve Buffadini hat dueno
nach eng weider super Chance, mee leider ass de Ball ofgewiert ginn. 
 
Leider huet Tricolore ze spéit Gas ginn, soss wär d'Nidderlag ze vermeide gewiescht.