Samsdeg, den 18.11.2006 Championnatsmätch Senior 2 :

FC Tricolore Gasperich - FC Rodange '91 2:4 (1:1)

1:0 19' Tria, 1:1 30'

2:1 57' Werck, 2:2 62', 2:3 70', 2:4 75'

Seit Abrëll 2005 huet d'2.Equip an engem Championnatsmätch erëm missen eng Heimnidderlag kasséieren. An der 1.Halschent krut Tricolore Rodange schwéier a Kontroll an hanne waren ze vill Lescher. No vir ass net vill gelaf. Trotzdem ass Tricolore mat der éischter Chance a Féierung gaang duerch de Mino Tria. Kuerz drop hat dunn de Sergio Rodrigues den 2:0 um Fouss wéi hie wonnerbar de Ball an de Laf gespillt krut, mee säi Schoss ass paréiert ginn. Rodange war awer méi present virum Tricolore Goal huet awer doraus kee Kapital geschloen. An der 2.Halschent war dunn Tricolore no vir besser an d'Spill komm, an no engem Korner huet de Cédric Werck eragekeppt. D'Lescher an der Tricolore Ofwier sinn awer bliwwen, an Rodange huet schlussendlech dovunner profitéiert. Beim 2:3 krut den Tricolore Goalie de Ball direkt no engem Korner duerch d'Been, wéi keen de Ball wollt dégagéiren. Kuerz drop hat Tricolore den 3:3 um Fouss mee dem Mino Tria säi Schoss ass op der Linn ofgewiert ginn. E Konter huet dunn den 2:4 abruecht, nodeems Tricolore Ofwier erëm gepennt huet. Tricolore hat och gutt Chancen déi awer net genotzt goufen. Vun der 80' u sinn du Masseversammlungen um Terrain ofgehal ginn. Nodeems de Cédric Werck de Ball op e Rodanger Spiller, deen um Boudem louch, geschoss huet, sinn d'Spiller duerchgedréit, a bei de Rodanger Spiller sinn d'Sicherungen duerchgebrannt. Déi éischt massiv Ruddelbildung. No engem Gerangels an der 85' zwëschen dem Mario Machado an engem Rodanger Spiller, sinn d'Rodanger Spiller erëm aggressiv ginn a kruten duerch Schléi 2 Rout Kaarten. Tricolore Spiller hunn dobäi awer och provozéiert. Domm Kommentaren ob béide Säiten sinn och gemaach ginn. Déi 2. Ruddelbildung. Dueno hunn d'Gemüter sech zum Gléck erëm berouegt an d'Spill konnt nach ouni nei Problemer fäerdeg gespillt ginn.  

Tricolore Equip