Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - US Mondorf-les-Bains 0:0

Wieder : liicht bedeckt, frësch

Terrain : déif

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Keng Goaler sinn am Mätch zwëschen Tricolore a Mondorf gefall.

Déi éischt 15' hunn sech béid Equipen neutraliséiert. Déi 1. geféierlech Aktioun hat Tricolore, wéi no enger Flank vu riets vum Charles Etonde, den Amer Dautbasic um 2.Poto knapp verpasst huet. Dueno huet Mondorf d'Commando iwwerhol an an der 25' hate si déi 1.Riesechance, wéi de Ball vu riets an den Tricolore Strofraum komm ass, e Mondorfer Spiller konnt de Ball um 11m fräi ophuelen, mee säi Schoss an de lénksen Eck ass vum David Spinelli paréiert ginn. Mondorf war weider um Drécker. Eng Riesen-Doppelchance hat Mondorf dunn och nach virun der Paus, vu riets ass e Mondorfer Spiller duerchgaang, eng 3:1 Situatioun ass fir Mondorf entstan, d'Pass koum an d'Mëtt, e Mondorfer Spiller huet fräi geschoss, mee den David Spinelli am Goal huet glänzend paréiert, de Rebound ass bei engem aneren Mondorfer Spiller geland a säi Schoss ass vum Ernis Osmanovic zum Korner ofgelenkt ginn. Mondorf war an der Phase kloer on Top, mee Tricolore konnt den 0:0 an d'Paus retten.

Am 2.Duerchgaang huet Mondorf weider versicht no vir ze spillen, mee d'Aktiounen virum Goal si verpufft. Méi a méi ass Tricolore ërem besser an d'Spill komm, an an der Schlussphase hat Tricolore nach 2.Riesechancen fir e Goal ze schéissen. Déi 1.Chance hat de Joe Monteiro, deen de Ball proper op den 11m geluescht krut, mee hien hat zevill Réckelag, sou dass de Schoss iwwer de Goal gaangen ass. Dueno ass den Amer Dautbasic op riets fräigespillt ginn, ass an de Mondorfer Strofraum agedrongen, huet geschoss, mee de Mondorfer Goalie huet glänzend paréiert. Tricolore hat Mondorf a Kontroll, huet hannen näischt ubrenne gelooss, an huet vir Mondorf puer Nadelstëch versat.

Insgesammt gerechten 0:0, Mondorf het kënnen an der 1.Halschent vir sinn, mee Tricolore huet eng gutt Reaktioun an der 2.Halschent gewissen a selwer kënnen scoren.