Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 13.11.2011 14.30h : FC Rodange 91 - FC Tricolore Gasperich 3:1 (2:0)

1:0 4', 2:0 29'

3:0 65', 3:1 90' (+2') Soares

 

Wieder : frësch, dréif, +- 7°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

 

 

Zu Rodange huet Tricolore géint eng séier Lokalequip mat 1:3 verluer.

An der Ufangspase war d'Lokalequip méi preesent. Schon an der 4' huet et am Tricolore Goal gebimmelt, wéi e Rodanger Spiller vu lénks duerchgaang ass, hien huet an d'Mëtt geflankt an en anere Spiller huet markéiert. Dueno war Rodange weider um Drécker, an d'Tricolore Ofwier huet missen oppassen fir net weider a Réckstand ze geroden. No +- 15' huet dunn Tricolore sech aus der Entklammerung befreit an huet selwer no vir Akzenter gesat. Den Adel Sinanovic hat den 1:1 um Fouss, hien ass geschéckt ginn, mee alleng virum Rodanger Goal huet hien de Goalkeeper nach wollten iwwerdribbelen anstatt ze schéissen. Dueno war et en opene Mätch, Tricolore ass ëmmer besser an d'Spill komm an hat och weider Goalchancen. Hannen huet Tricolore awer missen weider oppassen, well Rodange war offensiv séier. Leider ass dunn an der 29' den 2:0 gefall, wéi en Tricolore Ofwierspiller en Tackling falsch ugesat huet, an e Rodanger Spiller aus 16m drëschen de Ball an den Eck gesat huet. Dueno hate Rodange an Tricolore nach weider Chancen.

An der 2.Halschent hat Tricolore Rodange besser am Grëff, zunächst huet d'Spillgeschehen sech méi am Mëttelfeld ofgespillt. Tricolore wollt den Uschloss an hat gutt Goalchancen fir op 2:1 ze verkierzen. Dunn awer an der 65' deen nächste Schock, no engem wäite Säitewiesel war d'Tricolore Ofwier nees net am Bild, an e Rodanger Spiller huet zum 3:0 eragesat. Tricolore huet awer net opginn a weider no vir gespillt. An der 90' krut e Rodanger Spiller eng rout Kaart, wéi hien am Mëttelfeld ouni Grond de Mino Tria vun hannen an d'Been gerannt huet. Tricolore ass schliesslech an der 93' Minutt belount ginn, wéi no enger Flank vu riets, den André Soares de Ball endlech iwwer d'Goallinn gedréckt hunn.

Tricolore huet nees gekämpft, mee stroft sech nees selwer, well deefensiv ze vill einfach Feeler gemaach ginn an offensiv d'Goalchancen net genotzt ginn.