Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 29.04.2012 16.00h : FC Syra Mensdorf - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:1)

0:1 41' Sali

1:1 52', 1:2 90' (+2') (Selbstgoal)

 

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 90

 

 

 

 

Zu Menster huet Tricolore 3 wichteg Punkten am Abstiegskampf krut.

An der Ufanksphase war Tricolore gutt am Spill, schon an der éischter Minutt huet de Pietro Lombardini de Menster Keeper gutt getest. Tricolore war weider méi aktiv. No +- 20' huet Menster dunn awer de Mätch besser an de Grëff krut an d'Lokalequip huet sech geféierlech Aktiounen erausgespillt. Tricolore huet gekämpft, an et war nees de Pietro Lombardini deen no 30' de Lokalkeeper mat engem Dréischoss getest huet. An der 41' ass Tricolore dunn a Féierung gaangen, den Erdovan Sali ass ugespillt ginn, hien ass Richtung Menster Goal gezunn, d'Lokalofwier huet dem Erdovan Sali de Ball an de Fouss dégagéiert, hien ass alleng Richtung Goal gezunn, de Keeper iwwerdribbelt an huet den 1:0 geschoss.

Direkt no der Paus war Menster méi aktiv. An der 52' krut d'Lokalequip dunn e Fräistouss vum 16m geschenkt, de Sven Haag am Tricolore Goal soll de Ball knapp aus dem 16m mat der Hand gefaangen hunn, mee hien war nach am 16m vun Tricolore. E Menster Spiller huet de Ball awer schéin an den Eck gezierkelt. Dueno huet Tricolore sech awer nees opgerappelt an huet Menster a Schach gehalen. An der Schlussphase war Tricolore méi aktiv a wollt gewannen. An der 92' krut Tricolore e Fräistouss zougesprach. Den Ervin Ceman huet aus hallëflénkser Positioun ofgezunn, de Ball ass op de lénkse Poto gaangen, de Menster Keeper krut de Ball op säi Kierper a vun do ass de Ball am Goal geland. D'Freed am Tricolore Lager war riesegrouss.

Tricolore huet gekämpft an huet Wëlle gewissen fir ze wannen, an dee Wëllen ass dann och belount ginn. Wichteg Punkten am Ofstiegskampf. Esou muss d'Equip weider kämpfen.