Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 24.09.2014 19.30h : FC Tricolore Gasperich - AS Luxembourg Porto 3:1 (1:0)

1:0 11' Amilton Jesus

2:0 53' Antonio Curioso (Penalty), 2:1 72' ASL Porto, 3:1 90' (+2') Thomas Breyer

 

Wieder : staark bedeckt, liichte Reen, +- 12°

Terrain : OK

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore gewënnt säin 1.Championnatsmätch verdéngt mat 3:1 géint AS Lëtzebuerg Porto.

Tricolore huet konzentréiert gespillt an ASL Porto a Schach gehal. An der 11' ass de Miguel Pereira op riets geschéckt ginn, hien huet an d'Mëtt geflankt, den Amilton Jesus krut am Strofraum de Ball, an huet den 1:0 geschoss. Dueno war ASL Porto beméit, mee Tricolore huet keng kloer Goalchance zougelooss. An der 53' ass e Spiller vun der Lokalequip am ASL Porto Strofraum gefoult ginn, an de fellege Strofstouss huet den Tun Curioso sëcher verwandelt. Dueno hat Tricolore weider gutt Konterchancen fir d'Entscheedung ze besuergen. ASL Porto ass an der 72 ' op 2:1 erukomm. Tricolore huet awer weider konzentréiert gespillt an ASL Porto koum just duerch Standardsituatiounen zu geféierlechen Aktiounen. An der Nospillzäit huet dunn den Thomas Breyer den 3:1 geschoss, wéi hien quasi vun der Mëttellinn ofgezunn huet, an de Ball iwwert den opgeréckelten Keeper vun ASL Porto an de Goal gefall ass. Schéine Goal.