Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 05.05.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - AS Luxembourg Porto 3:0 (2:0)

1:0 38' De Almeida N., 2:0 45' (+3') De Almeida R.

3:0 80' Sali

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 50

 

 

 

 

 

 

 

Duerch eng disziplinéiert Leeschtung huet Tricolore 3:0 géint ASL Porto gewonn.

Spillgescheehen war kloer : ASL Porto wollt wannen an Tricolore huet sech zréckgezunn.  Tricolore huet ASL Porto a Schach gehalen an an der éischter Halschent konnt ASL Porto sech keng konkret Goalchance erausspillen. Tricolore huet op Konter gelauert an an der 38' ass den Nuno De Almeida geschéckt ginn an hien huet den ASL Porto Keeper fräi iwwerwonnen. An der Nospillzäit vun der 1.Halschent huet de Rui De Almeida en direkte Fräistouss verwandelt. 

No der Paus huet ASL Porto den Drock erhéischt, mee Tricolore huet gutt dowidder gehalen. ASL Porto ass ëmmer méi nervös ginn, an an der 80' huet Tricolore op 3:0 erhéischt, den Erdovan Sali ass vun der Mëttellinn gestart an ass alleng op den ASL Porto Goal gezunn an huet den 3:0 geschoss. 

Eng super Leeschtung vun Tricolore, an eng Bilanz : 7.Plaz, 7 Mätcher gewonnen, 7 Mätcher remis, 7 Mätcher verluer. 28 Punkten bei 21 Mätcher (och deelbar duerch 7), eng Goaldifferenz vu minus 7.  Einfach Magic 7.