Spillbericht Senior 2 Coupe Reserves 1/8 Final Freideg,02.03.2007 19.40h : Lintgen - Tricolore 2:0 (0:0)
Wieder : liicht bedeckt, frësch
Terrain : synthetesch
Zuschauer : 30
Eng onglécklech Nidderlag huet Tricolore an der 1/8 Final vun der Coupe Reserves zu Lëntgen kasséiert. Insgesammt war Tricolore gutt organiséiert an huet gekämpft.
Spilleresch war Lëntgen erwardungsgemees besser an huet och de Ball méi séier lafe gelooss. Trotzdem war d'Gléck net op der Tricolore Säit. 
 
An der éischter Halschent huet de Gérard Acker vu lénks e Korner erageschloen, de Guy Braun huet um éischte Poto säi Kapp agezunn, de Ball ass am laangen Eck
ageschloen, mee de Goal huet net gezielt well de Guy Braun säi Géigespiller soll bëhennert hunn ???. Puer geféierlech Situatiounen sinn oft no Standardsituatiounen
am Lëntgener Strofraum entstan, wéi d'Tricolore Spiller zum Ball komm sinn, mee d'Kontroll war oft schlecht. Trotzdem ass de Paulo Oliveira fräi zum Schoss komm
a e Lëntgener Spiller het misse vun der Linn dégagéiren. Lëntgen op der anerer Säit war geféierlech duerch hiert schnell Spill. Dobäi waren si och haaptsechlech
duerch Standards opgefall. Obwohl Lëntgen d'Ofwier vun Tricolore ënner Drock wollt setzen, ass et hienen net gelong wirklech gutt Chancen an der éischter Halschent
erauszespillen.
 
An der zweeter Halschent dat gläich Bild. Lëntgen huet versicht Tricolore weider ënner Drock ze setzen, mee eppes konkreetes ass net erauskomm. Do huet da missen
en "domme" Goal kommen : E Lëntgener Spiller wëllt vun der lénkser Säit an den Tricolore Strofraum flanken, de Ball get ëmmer méi laang a senkt sech wéi eng
Bogenlampe op d'Tricolore Goalkräiz a spréngt an de Goal. Dueno huet Tricolore nach eng Kéier versicht eppes ze rappen, mee konnt sech keng gutt Goalchance méi
erausspillen. Op der anerer Säit sinn natiirlech Räim entstan. Den 2. ongléeckleche Goal ass dunn 5' viru Schluss gefall duerch e Missverständnis zwëschen dem 
David Spinelli an engem Tricolore Spiller. Kee kruut de Ball an e Lëntgener Spiller huet sech bedankt an fräi zum 2:0 erageschiebt.