Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 18.09.2011 : FC Tricolore Gasperich - FC AS Luxembourg Porto 1:1 (1:0)

1:0 26' Lombardini

1:1 90' (+1')

 

Wieder : staark bedeckt, +- 15°

Terrain : gutt

Zuschauer : 60

 

 

 

Gudde Mätch vun Tricolore mee nees net fir den Opwand belount ginn.

Direkt huet Tricolore de Mätch dominéiert an huet sech gutt Goalchancen erausgespillt. De Ball ass an den Tricolore Reihen gutt gelaf. An der 26' huet d'Lokalequip de verdéngten 1:0 geschoss, wéi de Pietro Lombardini geschéckt ginn ass, an hien huet volley aus +-16m de Ball eragesat. Tricolore war weider um Drécker, huet et awer virun der Paus verpasst nozeleeën. Vun ASL Porto war an der éischter Halschent praktesch näischt ze gesinn, ausser kuerz virun der Paus, wéi e Spiller am Tricolore Strofraum de Ball laangscht gesat huet.

An der 2.Halschent huet zunächst ASL Porto de Mätch méi an d'Hand geholl an Tricolore ass zréckgedrenkt ginn, dobäi konnt sech ASL Porto awer kaum eng Goalchance erausspillen. No enger Stonn huet sech Tricolore nees méi no vir getraut an hat weider gutt Goalchancen fir den 2:0 ze markéiren, mee virum Goal ass versot ginn. An der Schlussphase huet dunn ASL Porto nach eng Kéier alles versicht an dunn ass et hektesch ginn. Duerch herajäitzen vun den ASL Porto Supporteren huet den Arbitter d'Kontroll iwwert de Mätch verluer, an Tricolore krut Kaarte verdeelt. De Michele Corallo huet an der 83' déi Giel-Rout Kaart wéinst Spillverzögerung krut nodeems hien virdrun schon op der "Lëscht" stoung. A leider huet dunn ASL Porto an der Nospillzäit den glécklechen 1:1 geschoss, no enger Flank op den 2.Poto war d'Tricolore Ofwier net am Bild, de Steve Volz huet e Schoss vun engem ASL Spiller glänzend paréiert, mee Tricolore huet de Ball net konseequent dégagéiert an e Spiller vun Tricolore ass festgehale ginn, esou dass de Ball bei engem ASL Spiller geland ass deen aus kuerzer Distanz eragekeppt huet.

De Mätch war erëm filmräif fir déi aktuell Situatioun. Mee trotzdem muss op der Leeschtung opgebaut ginn a weider gekämpft ginn.