Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - Union Mertert/Wasserbillig 3:3 (1:0)

1:0 43' Bardhi

1:1 65', 1:2 70', 2:2 71' Bardhi, 2:3 74', 3:3 90' (+2') Bardhi

Wieder :  vill Reen

Terrain : bespillbar, mee Bulli drop

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Géint Mertert/Wasserbëlleg huet Tricolore nach an der leschter Sikonn e Gläichspill erausgeschloen.

Déi +- éischt 30 Minutten waren d'Gescht besser, an hunn d'Spill kontrolléiert. Ausser hallëf Chancen ass awer näischt dobäi erauskomm. Tricolore hat an der Phase Problemer, offensiv war guer näischt gelaf. Dunn awer huet Tricolore d'Spill an de Grëff krut. An enger Spillaktioun krut den Amer Dautbasic vun engem Mertert/Wasserbëlleger Spiller den Ielebou an d'Gesicht gerammt, sou dass hien fir eng kuerz Zäit den Tommel hat. (Den Arbiter hat et awer net gesinn, well soss hett et misse Rout ginn). An dëser Spillaktioun krut Tricolore e Fräistouss aus +-20m zougesprach. Den Antonio Curioso huet de Fräistouss ausgeféiert an de Ball an de lénkse Wénkel gezirkelt, mee de Bëlleger Keeper huet de Ball nach paréiert. Dunn ass de Mike Ribeiro vun hannen ëmgeméit ginn, an de Bëlleger Spiller war mat enger gieler Kaart nach gutt bedéngt. E Fräistouss an der 43' huet den Amer Dautbasic vun hallëf lénks an de Strofraum bruecht, den Antonio Virgulino huet mam Kapp de Ball weidergeleet an den Edison Bardhi huet um 2.Poto de Ball eragekeppt. No Ufangsschwieregkeeten huet soumat Tricolore déi 1.Halschent gutt ofgeschloss.

Mat dem ville Reen dee gefall ass, ass den Terrain an der 2.Halschent méi schlecht ginn. Déi éischt Véirelstonn hat Tricolore de Mätch weider a Kontroll. Trotzdem ass an der 65' den Ausgläich gefall, E Schoss vun engem Bëlleger Spiller konnt den David Spinelli nach ofwieren, mee beim Rebound, wou de Ball bei engem aneren Spiller geland ass, war hien machtlos. Bëlleg huet dunn weider no vir gespillt, an an der 70' ass e Spiller fräigespillt ginn, an hien hat keng Problemer zum 1:2 eranzesetzen. Nëmmen 1' drop huet Tricolore dunn awer schon ausgeglach, wéi den Edison Bardhi vu lénks aus 25m eng Rakéit lassgelooss huet an de Ball iwwert dem Bëlleger Goalie am Netz geland ass. Awer schon ërem nëmmen 3' drop war e Bëlleger Spiller fräigespillt ginn, an hien huet aus abseitsverdächteger Positioun den 2:3 besuergt. Dueno hat et Tricolore trotz kämpferëschen Asaatz schwéier fir ërem an de Mätch ze fannen a d'Gescht haten d'Spill méi oder wéineger ënner Kontroll. Mee awer Tricolore huet net opginn, an d'Lokalequip ass fir hiren kämpferëschen Asaatz an der Nospillzäit belount ginn, den Amer Dautbasic krut de Ball op lénks, hien ass alleng op de Mertert/Wasserbëlleger Goal gezunn an huet eng Pass an d'Mëtt gemaach, wou den Edison Bardhi stoung fir de Ball eranzesetzen. Dat war dann och déi lescht Aktioun, well dueno den Arbitter direkt ofgepaf huet. Nom Mätch ass dunn eng Ruddelbildung um Terrain entstan an d'Gemüter waren erhëtzt, nom Duschen sinn se awer ërem ofgekillt ginn.

Insgesammt e verdéngte Punkt fir Tricolore.