Spillbericht Barragemätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Résidence Walferdange 4:5 (1:4)

(zu Strassen)

 

0:1 3', 0:2 24', 1:2 32' Antonicelli, 1:3 38', 1:4 43'

2:4 49' Da Rocha, 2:5 55' (Penalty), 3:5 83' Cardoso, 4:5 90' (+2') Cardoso

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 150

 

 

 

Wéinst enger grotteschlechter 1.Halschent verléiert Tricolore am Barragemätch vun der 1.Divisioun mat 4:5 géint Walfer.

Wéinst Sperren a Verletzungen ware bei Tricolore wichteg Spiller net dobäi an dat huet et dunn och um Terrain gemierkt. D'Ofwierverhalten war an der 1.Halschent ënnerirdesch, Kaum Uerdnung, an d'Ofwier war total vun der Roll. Walfer huet geschéckt no vir gespillt an huet d'Lescher an der Tricolore Ofwier gnadelos ausgenotzt. No vir war Tricolore beméit, mee konnt sech awer selten geféierlech Situatiounen erausspillen. Wéi de Carlo Antonicelli an der 32' op 1:2 verkietzt huet war erëm Hoffnung am Tricolore Lager, mee schon 6' méi spéit huet e Walfer Spiller e Fräistouss aus 30m an d'Kräiz gesat.

No der Paus huet Tricolore kloer dominéiert a Walfer ass d'Puste ausgaang, mee duerch e blöden Elefmeter, wéi en Tricolore Spiller de Ball am Strofraum mat der Hand geholl huet, ass Tricolore erëm zréckgeworf ginn. Walfer war platt an no vir war bal näischt méi gaangen. Och no der Giel-Rouder Kaart fir de Filipe de Lemos an der 76' a beim Stand vum 2:5 war Tricolore no drunn fir nach den Ausgläich ze besuergen, mee d'Goaler waren ze spéit gefall.

Zum Schluss am Championnat war Tricolore einfach schlecht, an krut d'Rechnung am Barragemätch. Dommader steigt Tricolore an d'2.Divisioun of, wou muss en Neiopbau passéiren fir net nach weider erofzerutschen. Mol kucken wat fir ee Spillermateriel fir déi nei Saison do ass, well dat ass jo auschlaggeebend fir ze kucken wat ee kann erwaarden.