Spillbericht Senior 2 Championnat Freideg,18.05.2007 19.45h : Tricolore - Mondorf 0:2 (0:2)
Wieder : sonnëg
Terrain : schlecht
Zuschauer : 15
0:1 15', 0:2 42'
 
 
De leschte Championnatsmätch huet d'2.Equip verluer an ass an d'3.Classe gefall. 2 Comebacker waren op der Tricolore
Säit ze verzeechnen : De Patrick Goergen am Goal, dee säin 1.Mätch 2007 am Goal gemaach huet an de Boguslaw Mida,
deen iwwer puer Joer mol ërem eng Kéier an engem Championnatsmätch preesent war. Zousetzlech huet de Keeper
David Spinneli am Feld gespillt.
 
Mondorf war besser an hat méi vum Spill an huet verdéngt gewonn. De Patrick Goergen am Goal huet puer gutt Paraden misse
maachen. An der Offensiv war Tricolore ze harmlos.
 
(A wann et net um Terrain geet dann ass et awer gutt bei der 3.Halschent zesummen ze feieren, bis no Mëtternuecht)