Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,30.09.2007 15.30h : Tricolore - Aspelt 4:0 (1:0)
Wieder : sonnëg, +-20°
Terrain : et geet
Zuschauer : 70
1:0 18' Etonde
2:0 56' Antonicelli, 3:0 88' Antonicelli, 4:0 90' Beck 
 
Géint Uespelt huet Tricolore verdéngt gewonnen.
 
Vun Ufank un huet d'Lokalequip Drock gemaach a koum zu gudde Chancen. An der 6' ass de Charles Etonde am Uespelter
Strofraum fräi zum Schoss komm, mee den Uespelter Keeper huet glänzend paréiert. An der 12' huet de Marc Kunen aus 25m
eng Bomm lasgelooss, mee den Uespelter Goalie huet de Ball ërem super paréiert. De Ferdy Ciufoli huet et och aus der Distanz
versicht, ouni Erfollëg. An der 18' huet et dunn awer geschellt. Uespelt huet sech op d'Abseitsfal verlooss, ass net gelongen an de
Charles Etonde konnt aus 5m fräi zum 1:0 erasetzen. Dueno hat de Filipe De Lemos den 2:0 och um Fouss, mee säin Schoss
ass ofgeblockt ginn. De nemlëchte Spiller ass am Stromraum och nach eng Kéier haart attakéiert ginn, mee et ass kee Penalty ginn.
Tricolore hat Uespelt am Grëff an et ass och gekämpft ginn.
 
An der 2.Halschent huet Tricolore sech zréckgezunn an versicht op Konter ze spillen. Den 2:0 huet de Charles Etonde op lénks vierbereed,
an de Strofraum gepasst, an de Carlo Antonicelli konnt fräi zum 2:0 erasetzen. Tricolore huet d'Spill verwalt an d'Chancen si méi rar ginn.
Déi eenzeg Goalchance konnt Uespelt an der 86' verzeechnen, wéi en Uespelter Spiller de Ball op d'Lat gesat huet. Dueno sollt et
nach 2 mol rabbelen, den 3:0 duerch de Carlo Antonicelli no enger Virlag vum Mino Tria, an de 4:0 duerch de Claude Beck no engem gudde
Säitewiesel, wéi den Tricolore Spiller lénks konnt fräi ophuelen a locker eragesat huet.
 
Tricolore huet gutt gekämpft, sech Chancen erausgespillt an verdéngt gewonnen.