Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,13.05.2007 16.00h : Tricolore - Weimerskirch 1:0 (1:0)
Wieder : sonnëg, Loft
Terrain : miserabel
Zuschauer : 47
1:0 13' Da Silva 
 
 
Just 1 Goal kruten d'Spectateuren zu Gaasperech ze gesinn, obwohl vill Goaler hette misse falen.
 
Spilleresch war net vill ze verzeechnen. Béid Equipen hunn op dem schlechten Terrain kaum Kombinatiounen gewissen.
Kampf a Krampf. Fréi huet Tricolore de Golden Goal geschoss duerch de Sabrino Da Silva no Viraarbescht vum
Mino Tria. Dueno hat Tricolore weider gutt Chancen, eng dofuner duerch de Carlo Antonicelli dee ganz alleng virum Goal
war nodeem d'Spiller op Abseits gewaart hunn, mee hien huet (iwwerrascht dass e sou alléng stoung?) aus 30m iwwer
de Goal gelobt. Weimerskierch war och eng oder déi aner Kéier geféierlech. An der 2.Halschent stoungen suguer 3 Tricolore
Spiller fräi virum Weimerskiercher Keeper trotzdem ass et gelongen de Ball net ze versenken.
 
Tricolore bleiwt weider minimalistësch.