Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 04.11.2012 16.00h : AS Luxembourg Porto - FC Tricolore Gasperich 0:0

 

Wieder : staark bedeckt, +- 5°

Terrain : déif

Zuschauer : 40

 

 

 

 

An engem intensive Mätch zwëschen AS Lëtzebuerg Porto an Tricolore sinn trotz gudder Goalchancen op béide Säiten keng Goaler gefall.

Tricolore huet super ugefaang an schon an der 1' ass den Ervin Ceman op riets fräigespillt ginn, mee säi Schoss huet den ASL Keeper am Strofraum nach ofgelenkt. Tricolore huet weider no vir gespillt an hat nach gutt offensiv Aktiounen a Goalchancen. ASL Porto ass dueno och besser an d'Spill komm, den Simon Leick hett missen 1 Kéier entscheedend paréiren. Kuerz virun der Paus ass ASL Porto ëmmer méi staark ginn an Tricolore hat Problemer.

Déi 2.Halschent huet ASL Porto dominéiert. Tricolore ass no hanne gedrängt ginn, an d'Ofwier hat vill Aarbecht ze veriichten fir d'Lokalequip a Schach ze halen. Tricolore war no vir kaum méi preesent. Déi lescht Minutten ass et dunn nach en opene Schlagoftausch ginn. Tricolore hat zum Enn vum Mätch hinn nei Kraft fonnt an hat nach 2-3 gutt Goalchancen. ASL Porto war och ëmmer geféierlech an e Spiller hat och no Korner hinn knapp laangscht den Tricolore Goal gekeppt.

E gerechte Remis. Béid Equipen wollte gewannen.