Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 02.11.2014 16.00h : FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch - FC Tricolore Gasperich 2:0 (0:0)

 

1:0 58' Red Black Egalité, 2:0 70' Red Black Egalité

 

Wieder : bedeckt, Reen, +- 12°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 120

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore verléiert an engem ausgeglachene Mätch fir d'5.Kéier noeneen, an ass domadder op déi lescht Plaz gerutscht. D'Lokalequip hat am Ufank liicht Iwwerwaasser an huet sech puer Chancen erausgespillt. Tricolore huet awer Red Black Egalité allgemeng gutt ënner Kontroll gehat an Tricolore hat virun der Paus selwer 2 gutt Chancen fir a Féierung ze goen. An der 2.Halschent huet Tricolore zunächst méi d'Initiativ egraff an hat duerch den Amilton Jesus eng Riesechance fir a Féierung ze goen. Leider huet Tricolore awer hannen nees Feeler gemaach déi bestrooft gi sinn a sou huet Red Black Egalité 2 Goaler geschoss. Tricolore huet net opginn, hat nach Goalchanchen, mee de Ball ass net eragaang.