Generalversammlung FC Tricolore 01.02.2008
Den 01.02.2008 huet den FC Tricolore Gasperich seng Generalversammlung am Clubhouse ofgehal.
Déi verschidde Punkten sinn opgezielt ginn.
 
Dat bescht war wéi de Guy Herr, dee laang als President an als Comitésmember am Tricolore aktiv war,
endlech zum Éirepresident ernannt ginn ass.
 
Doniewend konnt de Trésorier John Stoltz eng positiv finanziell Bilanz vierweisen.
 
De Claude Marangon an de Boguslaw Mida sinn aus dem Comité erausgetrueden.
Als neie Comitésmember huet de Michele Panza sech gemellt.
 
Leider besteet de Comité nach ëmmer aus engem Minimum, sou dass 
weiderhin vill Aarbëscht op d'Comitésmemberen duer kënnt.
 
Dofir : Kritik ass OK, Hëllef ass besser.