Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 11.03.2012 15.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Luna Obercorn 1:1 (1:1)

1:0 19' Sali, 1:1 38'

 

 

Wieder : bedeckt, +- 10°°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

Duerch eng kämpferesch an och spilleresch gutt Leeschtung huet Tricolore ee Punkt géint Luna Uewwerkuer krutt.

Déi éischt 20' huet Tricolore gehéiert, d'Lokalequip huet gutt no vir gespillt, an an der Drangperiod hat den Denis Rizvani fräi virum Goal den 1:0 um Fouss, mee hien huet driwwer gesat. An der 19' ass Tricolore dunn awer belount ginn, de Sandro Silva huet den Erdovan Sali geschéckt, an hien huet de Ball laangscht de Luna Keeper an den Eck gesat. Leider hat Tricolore duerno nees eng Auszäit geholl, a Luna Uewwerkuer ass besser an de Mätch komm. Luna huet de Mätch méi an de Grëff krutt. Onsëcherheeten hunn sech an der Tricolore Ofwier ageschlach, esou dass an der 38' Luna konnt ausgläichen, wéi e Spiller op lénks fräi war, an de Ball secher verwandelt huet.

Déi 2.Halschent huet Tricolore awer nees voll engagéiert ugeholl, an huet Luna a Schwieregkeete bruecht. No enger Réckpass, krutt Tricolore e Fräistouss um 5m zougesprach, de Schoss vum Tricolore Spiller ass just op der Goallinn ofgewiert ginn. Tricolore huet weider no vir gespillt, déi séier Spiller vu Luna sinn a Schach gehale ginn. Béid Equipen wollte wannen, et war awer Tricolore déi eenzeg Equip déi nach konkret Goalchancen hat. Den Denis Rizvani hat den 2:1 um Fouss, wéi hien fräi virum Luna Goal ugespillt ginn ass, mee hien huet säi Schoss verzunn. De Kapitän Ferdy Ciufoli huet no engem Korner de Ball per Kapp op de rechte Goalwénkel gezielt, mee de Luna Keeper huet de Ball glänzend laangscht de Poto deeviéiert. Trotz Engagement op bäide Säiten ass et beim 1:1 bliwwen.

Obwohl Tricolore op d'Relegatiounsplaz ofgerutscht ass, war d'Leeschtung gutt. Op der Leeschtung muss opgebaut ginn. Et muss weider gekämpft ginn.