Spillbericht Senior 2 Championnat Freideg, 16.05.2008 19.30h : Tricolore - Itzig 1:2 (0:0)
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : schlecht, steenhaart
Zuschauer : 30
 
0:1 49', 1:1 61' Virgulino, 1:2 70' 
 
Déi 3.Nidderlag a Serie huet Tricolore géint Izeg kasséiert. Géint eng ersatzgeschwächten Izeger Equip huet Tricolore kee Mëttel fonnt.
Izeg stoung massiv hannendrann, an Tricolore huet op e Goal gespillt, déi gutt Goalchancen sinn awer net genotzt ginn. No der Paus huet
dunn Izeg no engem Konter den 1:0 geschoss. Den 1:1 ass an der 61' gefall, wéi den Antonio Virgulino aus 25m an de Wénkel gesat huet.
An der 70' huet Izeg ërem duerch e Konter den 2:1 geschoss. An der 2.Period huet Tricolore ausser dem Goal näischt bruecht. Géint die
Izeger Ofwier sinn der Lokalequip d'Ideen ausgaang. Zum Schluss het kënnen Izeg no Konteren weider Goaler schéissen. Grotteschlechte
Kick vum FC Tricolore.