Spillbericht Senior 1 Coupe de Luxembourg 28.09.2008 15.30h : Koerich - Tricolore 1:0 (0:0)

Wieder : sonneg

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

An engem relativ schwaache Mätch huet sech Käerch knapp géint Tricolore behaapt. Tricolore hat d'Spill bestëmmt, huet awer seng Goalchancen

net genotzt. Kuerz virun der Paus huet Käerch de Poto getraff. No der Paus war et Tricolore déi ërem déi besser Chancen hat, awer de Ball ass

net era gaang. An der 88' huet den Ex-Tricolore Spiller Fernand Federspiel mat engem Fräistouss aus 40m den Tricolore Keeper iwerlobt, an zum

entscheedenen 1:0 eragesat.