Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 23.10.2011 : FC Titus Lamadelaine - FC Tricolore Gasperich 6:1 (4:0)

1:0 6', 2:0 13', 3:0 24', 4:0 26'

5:0 68', 6:0 81', 6:1 85' Sinanovic

 

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : et geet

Zuschauer : 100

 

 

 

Eng indiskutabel Leeschtung huet Tricolore zu Lamadelaine ofgeliwwert.

Lamadelaine huet direkt no vir gespillt an Tricolore ass kaum aus der eegener Halschent kommt. Permanent Stellungsfeeler an der Tricolore Defensiv an kaum Entlaaschtung aus dem Mëttelfeld huet dozou gefouert, dass d'Lokalequip an der éischter hallwer Stonn schon mat 4:0 fir war. Och wann Tricolore zwëschenduerch no vir och gutt Chanchen hat, eemol huet Tricolore de Poto getraff, war Lamadelaine spilleresch déi kloer besser Equip. De Steve Volz am Tricolore Goal hat genug ze dinn. No 30' ass Tricolore besser an de Mätch komm, mee hannen war d'Gefor ëmmer do, nees duerch déi séier Spiller vu Lamadelaine iwwerlaf ze ginn.

An der 2.Halschent huet Lamadelaine ee Gang eraus geholl an Tricolore ass besser opkomm. Trotzdem war d'Lokalequip weider no vir geféierlech an hat Goalchancen. Tricolore hat och gutt Goalchancen, 3 X huet d'Equip d'Lat getraff, mee et war wéi verhext virum Goal. Tricolore huet an der 2.Halschent besser gespillt, mee de 5:0 a 6:0 sinn och nees duerch individuell Feeler entstan.

Mat esou enger Leeschtung ass Tricolore en Ofstiegskandidat. D'Equip muss nees eng Reaktioun weissen.