Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : A.S. Remich - FC Tricolore Gasperich 0:0 

Wieder : bedeckt, kal +-3°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

Vill Kampf ass zu Réimech gebuede ginn.

Réimech ass besser an d'Spill komm an huet méi no vir gespillt. No 25' huet Tricolore dunn d'Spill méi dominéiert an de Ferdy Ciufoli ass 2 Mol fräi zum Kappball komm, mee huet de Ball leider net ënnerbruecht. Béid Equipen hunn an der Offensiv ze hektësch gespillt, esou dass keng konkret Goalchancen dobäi erauskomm sinn. Dofir stoungen d'Ofwierreihen relativ sëcher.

 

No der Paus praktësch dat gläicht Bild. Réimech ass ërem besser an d'Spill komm, huet awer keng Goalchance gehat. Tricolore war dueno ërem méi preesent an der Offensiv an huet puer Goalschëss lassgelooss, dobäi 2 gutt Schëss vum Adel Sinanovic. Obwuehl béid Equipen beméit waren nach eppes ze räissen, ass et beim gerechten 0:0 bliwwen.

 

Kämpferësch a leeferësch war de Mätch total OK, d'Passspiel war oft ze schwaach. D'Ofwier stoung gutt, a sou bleiwt Tricolore am Joer 2009 weider ouni Géigentreffer.