Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 09.05.2012 19.30h : Sporting-Club Bettembourg - FC Tricolore Gasperich 4:1 (2:1)

1:0 28', 1:1 30' Lombardini, 2:1 44'

3:1 47', 4:1 62' (Penalty)

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 100

 

 

 

An engem kapitale Mätch verléiert Tricolore kloer a verdéngt mat 1:4 zu Beetebuerg.

Beetebuerg huet vun der éischter Minutt un no vir gespillt a war bësseg, Tricolore huet op Konter gewaart, no 10' war d'Goalchanceverhältnis 3:2. Beetebuerg war weider aggressiv an Tricolore huet ze vill reeagéiert an och vill Feelpassen am Spillopbau gemaach. An der 28' huet d'Tricolore Ofwier nees e kapitale Bock geschoss, wéi e Spiller de Ball konnt fräi an de Goal aschieben. 2' drop krut de Pietro Lombardini de Ball, hien ass fräi op de Beetebuerger Goal gezunn, huet de Keeper iwwerdribbelt an zum 1:1 eragesat. Virun der Paus hat den Carlo Antonicelli de Féierungsgoal um Fouss, mee de Ball ass him versprongen. Kuerz drop, an der 44' ass dunn d'Lokalequip a Féierung gaangen, wéi e Spiller aus 25m ofgezunn huet, an de Ball huet sech an de rietsen Eck gesenkt. 

Schon an der 47' huet d'Lokalequip den 3:1 geschoss, wéi e Spiller um 2.Poto de Ball eragesat huet. Dueno war d'Tricolore Moral ugeknackst a Beetebuerg war weider aktiv. An der 62' krut d'Lokalequip e Penalty zougespraach, dee verwandelt ginn ass. Dueno hat Beetebuerg nach weider no vir gespillt, Tricolore ass der Musik quasi just nach hannendrugelaf. 

Wat eng enttäuschent Leeschtung vun Tricolore a sou engem wichtege Mätch. Elo kann Tricolore sech op de Barragemätch virbereeden fir net an 3.Divisioun ze fallen.