Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 27.04.2014 16.00h : FC Alisontia Steinsel - FC Tricolore Gasperich 3:1 (0:1)

0:1 45' Paolo Bianco

1:1 88', 2:1 90', 3:1 90' (+3')

Giel-Rout Kaart Steinsel an der 84', Giel-Rout Kaart Michele Corallo an der 85'

 

 

Wieder : staark bedeckt, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

 

 

 

Duerch Konzentratiousmangel ass Tricolore an der Schlussphase zu Steesel bestroft ginn. Steesel huet de Mätch an der 1.Halschent dominéiert, Tricolore huet et awer färdeg bruecht kloer Goalchancen vu Steesel ze minimiséiren. Tricolore war offensiv quasi inexistent. Kuerz virun der Paus ass awer Tricolore a Féierung gaang, wéi no engem Korner de Paolo Bianco de Ball eragekeppt huet. An der 2.Halschent war Tricolore méi preesent a konnt Steesel méi Paroli bidden an Tricolore huet op Konter gespillt, wou d'Equip eng oder déi aner geféierlech Situatioun konnt opweisen. An der Schlussphase krut dunn zunächst e Steeseler Giel-Rout, an 1' drop de Michele Corallo. Tricolore war hannen net méi konzentréiert a krut nach 3 Goaler ageschenkt. Brutal Resultat well Tricolore an der 2.Halschent eigentlech besser gespillt huet wéi an der 1.Halschent, mee esou ass Fussball. No de Resultater vun deenen anere Mätcher ass de Klassenerhalt ganz no, 9 Punkte Virsprong op ASL Porto bei 3 Mätcher déi nach ausstinn.