Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Berdenia Berbourg 0:0 

Wieder : bedeckt, kal +-3°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Trotz Chancen huet Tricolore nëmmen 0:0 géint Berbuerg gespillt.

No ongeféier 10', huet Tricolore d'Spill an d'Hand gehol an huet dominéiert. An der 18' hat den Orlando Rocha eng Riesechance. Hien huet sech super géint 2 Verteideger duergesaat, mee säi Schoss aus 5m ass vum Berbuerger Keeper ofgewiert ginn. An der 1.Halschent hat de Pietro Lombardini nach 2 weider gutt Goalchancen, mee de Ball sollt net am Netz landen. Berbuerg, déi kompakt stoungen, hunn op Konter gespillt, ausser geféierlech Fräistéiss aus 20m, déi alleguer verschoss gi sinn, war awer näischt méi dran an der 1.Halschent.

 

An der 2.Halschent waren d'Goalchancen rar ginn. Tricolore hat eng a Berbuerg keng. Béid Equipen hunn sech méi oder wéineger neutraliséiert. An der 2.Period huet Berbuerg och méi no vir gespillt, d'Tricolore Ofwier war awer net ze iwerwannen.

 

Vun der Intensitéit huet Tricolore eng gudd Leeschtung bruecht, ass awer net belount ginn.