Spillbericht Senior 2 Championnatsmätch Samsdeg,10.03.2007 17.00h : Tricolore - Modercange 0:0
Wieder : sonneg
Terrain : knubbeleg
Zuschauer : 30
Tricolore huet mat Gléck e Geschéck e 0:0 géint Monnërech erausgeschloen.
 
Schon an der éischter Halschent huet e gesinn dass Monnërech d'Spill dominéiert huet an Tricolore nëmme réagéiren konnt. Grouss Goalchanchen sollten
dobäi awer net eraussprangen. 
 
An der 2.Halschent war d'Dominanz vu Monnërech nach méi kloer, mat der Zäit war et bal e Spill op e Goal. Dobäi hat Monnërech du gutt Chanchen,
mee den excellenten Tricolore Goalie David Spinelli huet säi Goal proper gehal. Hien huet gutt réagéiert a duerch super Paraden den 0:0 gerett.
Tricolore war no vir praktesch inexistent, an d'Middëgkeet ass méi grouss ginn. E puer Versich de Monnërecher Goal e Verleegenheet ze bréngen
sinn net genotzt ginn.
 
Ënnert dem Strëch war Monnërech spilleresch e leeferesch einfach besser an d'Passen vun Tricolore si oft net ukomm.