Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Cessange Bracarenses Grund 2001  0:0

 

Wieder : sonneg, +-20°

Terrain : OK

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Keng Goaler gouf et zwëschen Tricolore an Cebra.

Déi 1.Halschent war ausgeglach, d'Lokalequip huet Cebra a Schach gehal. Just eng gutt Aktioun war am Spill, wéi de Mike Ribeiro fräigespillt ginn ass, den Cebra Keeper konnt de Ball awer ofwieren. Cebra huet vill mat laange Bell operéiert ouni awer d'Tricolore Ofwier a Gefor ze bréngen. D'Lokalequip huet de Ball versicht laafen ze loosen, virum Goal huet awer déi néideg Konsequenz gefeelt.

No der Paus war zunächst Cebra d'Equip déi d'Spill an de Grëff gehol huet. Déi eenzeg gutt Goalchance vun Cebra huet dunn och bal den 0:1 bruecht, e Spiller huet aus 20m ofgezunn, de Ball ass ofgefelscht ginn an op d'Lat gaangen. Dat war awer de Weckruf fir Tricolore : just drop ass den Amer Dautbasic fräigespillt ginn, hien ass op lénks alleng op de Goal gezunn, huet de Ball an d'Mëtt gepasst, mee de Mike Ribeiro huet ee Moment ze laang gezögert an ass fräi um Cebra Keeper henke bliwwen. Dueno war Tricolore kloer déi besser Equip, mee d'Lokalequip huet gutt Aschossméiglechkeeten net genotzt. Den Arbittertrio huet Tricolore och puer Mol krass benodeelegt andeems se op Abseits entscheed hunn, wou keen Abseits war. An der 79' ass dunn och den Trainer Denis Pfeiffer hannert d'Klotür geschéckt ginn wéinst Protestéiren. Tricolore huet weider op den 1:0 gedrängt, mee et sollt awer kee Goal méi falen. Giel Kaarten si verdeelt ginn. Duerch Provokatiounen, Fouls an domm Geschwätz ass de Mätch an der Schlussphase op déi falsch Schinn geroden. Nom Mätch waren d'Gemüter dunn erhëtzt an um Terrain bis an d'Kabin wollten puer Spiller uneneen goen.

Insgesammt eng gutt a konzentréiert Leeschtung, just d'Goalchancen mussen einfach genotzt ginn.