Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 21.04.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Alisontia Steinsel 1:2 (1:2)

0:1 5', 1:1 9' Virgulino, 1:2 40'

 

 

 

Wieder : bedeckt, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

 

 

 

Duerch eng ganz schwaach 1.Halschent huet Tricolore géint Steesel verluer.

An der 5' ass Steesel a Féierung gaangen, en Tricolore Spiller huet op der lénkser Säit laangscht de Ball gerannt, e Steeseler Spiller huet profitéiert, ass an de Strofraum gezunn huet de Ball nach net richteg gerodden ass awer duer gaang fir dass de Ball iwwer d'Linn rullt. An der 9' huet Tricolore ausgeglach, den Toy Virgulino ass op lénks fräigespillt ginn an hien huet den 1:1 besuergt. Dueno wollt Tricolore d'Spill kontrolléiren, mee d'Equip huet sech zevill Feelpess geleescht, esou dass no vir praktesch näischt gelaf ass. Steesel war och net geféierlech. Duerch en 2.Kado ass Steesel awer nees a Féierung gaangen, e Spiller huet de Ball diagonal am Tricolore Feld an d'Mëtt feelgepasst, d'Pass ass vu Steesel ofgefaang ginn, e Steeseler Spiller ass op lénks fräigespillt ginn, an hien konnt zum 1:2 erasetzen.

An der 2.Halschent war et e Spill op ee Goal, Tricolore ass ugerannt a Steesel huet nëmmen verteidegt. Dobäi sinn e puer Goalchancen fir Tricolore entstan, déi awer all kläglech versiebt gi sinn. An der 76' krut de Rui De Almeida Rout an an der 82' den Tun Curioso Giel-Rout an an der 86' e Steeseler Giel-Rout. Tricolore huet gekämpft, huet awer keng Mëttele méi fonnt fir déi Steeseler ze iwwerwannen.

Domadder ass Tricolore schon säit 10 Mätcher sieglos a rutscht weider an der Tabell of. Tricolore ass momentan total veronsëchert an an dësem Mätch ass nees villes géint Tricolore gelaf, 2 Feeler : 2 Géigegoaler, Arbiter deen Tricolore benodeelegt huet, Tricolore krit déi puer Chancen net eran. Déi nächst Aufgaben ginn och schwéier, an do brauch Tricolore Spiller déi de Kampft unhuelen.