Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Club Sportif Sanem  - FC Tricolore Gasperich 0:0

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 100

 

 

 

 

E ganz schwaache Mätch hunn d'Zuschauer zu Suessem gebuede krutt.

Déi éischt Véirelstonn war Suessem besser, dueno war Tricolore besser an d'Spill komm, op béide Säiten ass gekämpft ginn, spilleresch war et awer Magerkost. Logesch Konsequenz : Keng reel Goalchance. Virun der Paus ass et op bäide Säite bësse méi geféierlech ginn, mee et ass awer am Rame bliwwen. 0:0 zur Paus, langweileg.

An der 2.Halschent, war zumindest de Wëllen méi do fir e Goal ze schéissen. Suessem ass besser an de Mätch komm, mee konnt d'Tricolore Ofwier net iwwerwannen. Tricolore huet op Konter gespillt, an hett misse e Penalty kréien, wéi den Amer Dautbasic geluescht ginn ass. Suessem huet weider no vir gespillt, mee d'Tricolore Ofwier huet sech net iwwerwanne gelooss. Tricolore Konteren si leider ze hektescht ofgeschloss ginn, sou dass et beim gerechten 0:0 bliwwen ass. 

Balla Balla, Bum Bum, 0:0