Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Una Strassen  - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:1)

0:1 7' Etonde, 1:1 17' Antonicelli

2:1 73' Morina

 

Wieder : staark bedeckt, Reen, frësch

Terrain : gutt

Zuschauer : 90

 

 

 

 

Zu Stroossen huet Tricolore eng weider Nidderlag kasséiert.

An der 7' ass Tricolore a Féierung gaang, wéi en Ofwierspiller vu Stroossen de Ball dem Charles Etonde an de Laf gespillt huet, an hien huet sech net bidde gelooss, fir zum  0:1 eranzesetzen. An der 17' huet den Ex-Tricolore Spiller Carlo Antonicelli leider zum 1:1 per Kapp no engem Korner fir Stroossen eragesat. D'Spill war relativ ausgeglach, béid Equipen hate gudd Chancen, no engem Schoss vun der Lokalequip, huet den Arnaud Andoque de Ball misse vun der Goallinn ewegkratzen. An der 33' hat den Amer Dautbasic de Féierungstreffer um Fouss, mee säi Lob ass vun engem Stroossener Spiller vun der Goallinn ofgewiert ginn. 

Déi 2.Halschent huet kloer Stroosse gehéiert, an d'Lokalequip huet mega Drock gemaach. Den Tricolore Keeper "Bip" Steve Wolff huet super Parade gemaach fir Tricolore am Mätch ze halen. Tricolore ass zevill iwwerlaf ginn. Leider duerch e Blackout vum Tricolore Keeper huet Stroossen den 2:1 an der 73' markéiert, hien huet de Ball falsch getraff an huet engem Stroossener Spiller de Ball um Plateau servéiert, an den 2:1 ass gefal. Tricolore war an der 2.Halschent offensiv harmlos, a sou hat d'Lokalequip keng Problemer fir déi 3 Punkten anzefueren.

Opgrond vun der 2.Halschent verdéngte Sieg fir Stroossen.