Spillbericht Senior 1 Championnat 05.10.2008 15.00h : Tricolore - AS Luxembourg-Porto 2:1 (0:0)

 

0:1 54', 1:1 64' Silva, 2:1 78' Azevedo

Wieder : staark bedeckt a Reen

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

Duerch en 2:1 géint d'AS Luxembourg-Porto ass Tricolore erem an d'Erfollegsspur komm.

 

De Mätch war an der 1.Halschent ouni grouss Momenter iwert d'Bün gaang : Keng Goalchancen op béide Säiten. ASL-Porto war zwar liicht spillbestëmment, mee

awer net geféierlech.

 

No der Paus huet ASL-Porto direkt Drock gemaach an an der 54' den 1:0 geschoss, Tricolore huet de Ball am lénke Mëttelfeld vertendelt, en ASL Spiller huet

vu riets an de Strofraum geflankt an e Spiller konnt fräi erasetzen. Tricolore huet awer eng Reaktioun gewissen an an der 64' den 1:1 markéiert : Den Arnaud

Andoque huet e wäite Ball gespillt an de Joscelino Silva huet de Ball iwert den erauseilende Keeper gesat. Dueno hu béid Equip op 3 Punkten gespillt. 

Tricolore ass déi glécklech gewiescht, wéi no engem Ofpraller den Hugo Azevedo de Ball krut, hien huet direkt ofgezun an zum 2:1 eragesat. ASL-Porto war

zwar dueno weider beméit et war awer Tricolore déi op Konter hinn déi besser Chancen zum Schluss hat.

 

Duerch déi 2 Jugendspiller Joscelino Silva an Hugo Azevedo, déi era komm sinn,  huet Tricolore de Mätch nach gedréit. Tricolore huet nom 0:1 dogéint gehal

an gekämpft.