Spillbericht Senior 2 Coupemätch Senior 2, 02.11.2007 19.40h : Berbourg - Tricolore 3:4 n.Pen (2:0.2:2)
Wieder : liicht bedeckt, mëll
Terrain : TipTop
Zuschauer : 25
1:0 23, 2:0 38' 
2:1 69' Silva, 2:2 81' Azevedo
 
Dank duerch de Patrick Goergen am Tricolore Goal, dee 4 Elefmeeter paréiert huet, ass Tricolore eng Ronn an der Coupe weider komm.
 
Déi éischt Halschent vun Tricolore Säit war grotteschlecht, Berbourg war 2:0 fir an hett kënne nach méi Goaler schéissen. Tricolore huet
net richteg dogéintgehal a war an der Offensiv inexistent. (nëmme Schëss aus 30m).
Nom Pausentéi huet Tricolore Berbourg ënner Drock gesat, ouni awer konkret geféierlëch ze ginn. Den 2:1 ass duerch en direkte Fräistouss
entstan, wéi de Joscelino Silva de Ball wollt an d'Mëtt eraflanken, de Ball sech gesenkt huet an iwert de Berbuerger Goalie am Netz geland ass.
Tricolore huet Berbuerg weider ënner Drock gesat, an duerch eng gescheit Pass vum Fabio De Marco op den Hugo Azevedo an de fräie Raum
ass den 2:2 gefall.
Am Penaltyschéissen war et dunn de Patrick Goergen deen zum Penaltykiller ginn ass. Berbuerg huet 4 Penaltys verschoss an Tricolore 3.