Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 10.04.2013 19.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Sporting Bertrange 0:5 (0:3)

0:1 8', 0:2 30', 0:3 38'

0:4 57', 0:5 70'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 8°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 20

 

 

 

 

Géint Bartréng huet Tricolore nees eng däitlech Nidderlag kasséiert. Domadder huet Tricolore déi lescht 4 Mätcher mat 0:5, 0:5, 0:4, 0:4 géint Bartréng verluer.

Bartréng huet d'Spill gemaach an an der 8' ass d'Equip a Féierung gaangen, no enger Flank an de 5m ass de Sergio de Freitas am Tricolore Goal mat Tricolore Spiller am Loftkampf zesummegeroden an e Bartrénger Spiller huet dovunner profitéiert an de Ball eragekeppt.  Dueno huet Tricolore d'Spill ausgeglach konnte gestalten an huet no vir gespillt, ausser Hallëfchancen ass awer näischt dobäi erauskomm. An der 30' huet Bartréng nees eng Kéier den Turbo ageschalt, Tricolore ass net nokomm an e Spiller konnt seeleroueg fräi op de Goal zéien fir zum 0:2 eranzesetzen. An der 38' ass e Spiller vu Bartréng aus staark abseitsverdächteger Positioun op der lénkser Säit duerchgezunn, huet an d'Mëtt geflankt an e Bartrénger Spiller konnt ganz fräi zum 0:3 erakeppen.

An der 2.Halschent huet Bartréng de Score nach weider eropgeschrauwwt, ouni sech grouss missen unzestrengen, d'Equip huet selwer Kräfte gespuert fir déi nächst Mätcher. Tricolore war einfach hilflos, kee Jus, Flasche leer. Trotz Beméiungen ass no vir näischt méi gelaf.

Tricolore huet e klenge Kader a wann 3-4 Stammspiller feelen, da kënnt Tricolore dem Géigner oft net no, dat huet een nees brutal géint Bartréng gesinn.