Sonndeg, den 15.10.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Red Star Merl-Belair  - FC Tricolore Gasperich 0:1 (0:0) 

0:1 82' Acquistapace

Tricolore geet de Wee momentan weider : knapp gewonn.  An der 1.Halschent war de Mätch ausgeglach, net vill offensiv Aktiounen op béide Säiten. No der Paus war et de Red Star deen den Tricolore getest huet, a sou konnt sech den den David Spinelli am Tricolore Goal auszeechnen. No ongeféier enger Stonn, as dunn Tricolore besser an de Mätch komm an huet de Red Star attakéiert. De Loun krut Tricolore duerch den Laurent Acquistapace an der 82', wéi hin sech am Strofraum duerchgesat huet, an zum 1:0 eragesat huet. 

Merl - Tricolore Opstellung