Championnatsmätch Senior 1 : TC Tricolore Gasperich - FC Yellow Boys Weiler 1:1 (1:0)

Wieder : sonneg, awer frësch

Terrain : OK

Zuschauer : 90

 

1:0 6' Lombardini

 

1:1 47' (Penalty)

1:1 huet sech Tricolore an d'Yellow-Boys getrennt, an insgesammt gerecht.

 

Scho fréi ass d'Lokalequip a Féierung gaang, wéi de Mike Ribeiro de Ball am offensive Mëttelfeld matgehol huet a virum Goal dem

Pietro Lombardini de Virtrëtt gelooss huet, deen zum 1:0 eragesat huet. An der 15' huet de Weiler Keeper dem Filipe de Lemos de

Ball an de Fouss gespillt, Tricolore Spiller ass op de Goal gezunn, huet de Weiler Keeper ëmdribbelt, a virum Goal huet de Filipe De Lemos

e Weiler Spiller ugeschoss, 2:0 ade. Kuerz drop huet de Michele Corallo de Weiler Keeper aus kuerzer Distanz getest, mee hi konnt zum

Korner ofwieren. No 30' huet dunn Weiler d'Spill an d'Hand gehol, a war méi geféierlech.

 

2' no der Paus huet du Weiler ausgeglach, wéi e Spiller am Tricolore Strofraum ëmgestouss gouf. 1:1 duerch e Penalty duerch de fréiere Tricolore Spiller

Carlos Sacras. Dueno hate béid Equipen nach Riesechancen fir Goaler ze schéissen, Weiler war méi aktiv, Tricolore war awer nach och

geféierlech. 2 Mol sinn d'Bell op bäide Säiten vun der Goallinn ewegekratzt ginn.

 

Am Ufank gutt, an duerno huet Tricolore ofgebaut. Béid Equipen hate gutt Goalchancen.