Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,18.05.2008 18.30h : Steinsel - Tricolore 0:2 (0:1)
Wieder : bedeckt
Terrain : bespillbar
Zuschauer : 60
0:1 45' Lombardini
0:2 88' Corallo
 
Am engem relative rouege Mätch konnt sech Tricolore bei Steesel behaapten.
 
De Mätch ass lues ugaang a Steesel hat méi offensiv Aktiounen. No +- 30' ass Tricolore dunn och geféierlech ginn, no engem Knaller vum
Emanuele Chioato, konnt de Steeseler Goalie just noch vir ofprallen loossen, den Pietro Lombardini konnt de Rebound awer leider net verwerten.
Dueno hat Tricolore méi vum Spill an hat puer gutt Goalchancen. Kuerz virun der Paus sollt et dunn och rabbelen, wéi no engem Mëssverständnis
an der Steeseler Ofwier,de Pietro Lombardini am séierste geschallt huet an zum 0:1 erageschiebt huet.
 
No der Paus huet Tricolore d'Spill verwalt an ass nach kaum offensiv preesent gewiescht. De Captain Ferdy Ciufoli ass nach duerch Kappbell
op de Steeseler Goal am beschten opgefall. Steesel hat nach déi beschte Goalchancen, duerch laang Bell no vir, hunn d'Spiller mam Kapp Chance
gehat, mee de Steve Krier huet säi Kaste proper gehal. 2' viru Schluss huet den Antonio Curioso vu riets an d'Mëtt geflankt, an de Michele Corallo, deen
an de Stuerm gesat ginn ass, huet méi Knéi den Endstand besuergt.
 
Tricolore huet dat néidegst gemaach an dat ass duer gaang.