Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Sporting Bertrange 1:4 (1:2)

0:1 12', 1:1 31' Da Rocha, 1:2 34' (Penalty)

1:3 87', 1:4 90' (+2') (Penalty)

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°

Terrain : bespillbar, bësse Bulli

Zuschauer : 70

 

 

 

 

An engem schwaache Mätch huet Tricolore nach méi eng schwaach Leeschtung bruecht.

Ouni verschidde wichteg Spiller (duerch Sperren a Verletzungen) ass Tricolore ni richteg an de Mätch komm. An der 12' hunn d'Gescht vu Bartréng den 0:1 markéiert, wéi de Shala de Ball vu lénks op den 2.Poto an de Wénkel gesaat huet. Tricolore Ofwier hat Schwieregkeeten géint déi séier Bartrénger Offensivspiller, a sou sinn hannen oft 50:50 Situatiounen entstan. No vir ass et am Laf vun der 1.Halschent besser ginn, an de wendegen Orlando Da Rocha huet zumindest fir Wirbel gesuergt. Hien huet sech dunn och an der 31' Minutt duerchgetankt an den 1:1 besuergt. Nëmmen 3' drop ass d'Lokalequip awer ërem a Réckstand geroden, Tricolore Hannerequip ass ërem iwwerlaf ginn, de Fernand Federspiel huet en Tackling missen am Stromraum maachen, an obwuel hien de Ball kloer gespillt huet, huet den Arbiter Penalty ginn. Dem Shala säi Penalty konnt den David Spinelli ofwieren, mee beim Rebound hat hien keng Chance méi.

Déi 2.Halschent war grotteschlecht, Bartréng wollt net méi an Tricolore konnt net méi. De Bartrénger Fanclub huet zumindest fir Stëmmung gesuergt, fir dass d'Leit net aschlofen. Sou sollt et bis zur 80' daueren !!! bis Bartréng ërem geféierlech ginn ass, e Spiller huet den Aussepoto getraff. 5' viru Schluss hat Tricolore dunn déi eenzeg Goalchanche an der 2.Halschent, e Fräistouss vum Fernand Federspiel aus 25m huet de Bartrénger Goalie nach just ofgewiert. An der 87' ass d'Tricolore Ofwier vu Bartréng ausgedanzt ginn an et stoung 1:3. An der 92' huet Bartréng dunn nach e weidere Penalty verwandelt, den Ernis Osmanovic hat e Spiller am Strofraum erofgedréckt.

Schwaach, Schwaach, Schwaach. Tricolore muss sech mega steigeren.