Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Union Sportive Esch/Alzette  - FC Tricolore Gasperich 2:2 (2:1)

0:1 18' Lombardini, 1:1 22', 2:1 42'

2:2 53' Antonicelli

 

Wieder : staark bedeckt, +- 20°

Terrain : bespillbar, awer déif

Zuschauer : 60

 

 

 

 

Den 1.Punkt huet Tricolore bei der US Esch ergattert.

Wärend den éischten 20' hat Tricolore d'Spill am Grëff, an déi éischt Riesechance hat de Pietro Lombardini, wéi de Keeper vun der US Esch ze wäit erauskomm ass, mee de Pietro Lombardini hat den Iwwerbléck verluer an ass ofgedrengt ginn. An der 18' huet dunn awer de Pietro Lombardini den 0:1 markéiert, duerch de Carlo Antonicelli fräigespillt, huet hien de Ball an de Wénkel gesat. Dueno war et awer d'Lokalequip déi méi vum Spill hat, a schon an der 22' hunn si den 1:1 markéiert, no enger Flank vu lénks op den 2.Poto konnt e Spiller ganz fräi de Ball ophuelen. US Esch war weider déi méi aktiv Equip an an der 42' hu si verdéngt den 2:1 geschoss.

No der Paus huet d'US Esch weider no vir gespillt. Aus dem Nichts ass dunn dann och den 2:2 gefall, de Carlo Antonicelli huet sech Richtung Escher Goal duerchgesat an den Ausgläich markéiert. Tricolore war elo besser. An der 65' krut Tricolore dunn en 100% Elefmeter verweigert, no enger super Kombinatioun iwwer puer Statiounen krut den Elio Cardoso de Ball am Escher Strofraum fräi zougespillt an hien ass um Trikot gezu ginn an ass vun hannen gerippt ginn. Bal jiddfereen huet et gesinn auser den Arbiter. Normalerweis Penalty + Rout Kaart fir den Escher Spiller wéinst Vereitelung vun enger 100 % Goalchance. D'Gemüter waren natiirlech erhetzt am Tricolore Lager a sou krut den Tun Curioso eng giel Kaart wéinst veheemente Protestéiren (awer zurecht Protestéiert). Déi lescht 20' Minutten war dunn awer ërem d'Lokalequip déi méi preesent war, an Tricolore huet nach missen e puer brenzleg Situatiounen iwworstoen bis zum Schluss.

D'Gläischspill kann een als verdéngt gesinn.