Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Yellow Boys Weiler - FC Tricolore Gasperich 1:1 (0:0)

 

1:0 47', 1:1 64' Da Rocha

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : knubbeleg

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Leeschtungsgerecht hunn sech Weiler an Tricolore 1:1 getrennt, obwohl Weiler den 3 Punkte méi no war.

D'Spill war knapps amgaang, dunn ass Tricolore ageschlof, an no 30'' het e scho kéinte bimmelen. E Weiler Spiller ass fräigespillt ginn, a Richtung Goal gezunn, mee zum Gléck konnt Tricolore Ofwier hien nach ofdrängen, a säi Schoss ass driwwer gaang. 1 Minutt drop hat Weiler schon déi 2.Goalchance. Dueno ass Tricolore endlech erwescht an huet och matgespillt. E puer offensiv Aktioune huet Tricolore gewissen an dobäi de Mätch besser an de Grëff krut. Virun der Paus sollt awer näischt opreegendes méi passéiren.

An der 47' huet d'Lokalequip dunn den 1:0 geschoss, nodeems den Tricolore Kapitän Ferdy Ciufoli beim Strofraum onfair aus dem Verkéier gezu ginn ass,krut den Arnaud Andoque de Ball op de Knéi, de Ball ass bei engem Weiler Spiller geland an hien huet aus 16m direkt geschoss, an de Ball ass am lénksen Eck geland. Dueno huet Tricolore natiirlech méi no vir gespillt an dobäi huet den Joscelino Silva den 1:1 geschoss, mee den Arbitter huet onverständlecherweis Abseits gepaff. An der 64' ass dunn awer Tricolore belount ginn, wéi no engem Pass vum Arnaud Andoque op den Orlando Da Rocha, den Orlando da Rocha den 1:1 markéire konnt. Leider hunn sech d'Gemüter ob béide Säite erhëtzt, an sou sinn zunächst bei den Trainerbenken hefteg Diskussiounen entstan. De Mätch war ausgeglach, mee an der Schlussphase het Weiler nach 2 Mol kéinte e Goal schéissen. Kuerz virun Enn vum Mätch huet de Michele Corallo e Weiler Spiller am Strofraum gehol, mee zum Gléck fir Tricolore huet den Arbitter et net gesinn. An der Nospillzäit ass am Tricolore Strofraum e Gewulls entstan, an e Weiler Spiller huet geschoss, mee den David Spinelli konnt de Ball op der Goallinn festhalen. 

Leider hunn sech d'Gemüter nom Mätch nach net berouegt an am Kabinegaang sinn e puer domm Provaktiounen ugezettelt ginn, an domm Wieder si gefall, esou dass e puer Leit hette misste ugehal ginn. No der Dusch war dunn awer ërem alles OK.

Et huet ee gesinn, dass Weiler de Mätch onbedeengt wollt wannen fir nach kënnen an den Opstiegskampf anzegräifen. Tricolore war éischter mat dem Punkt zefridden. Op engem knubbelegen Terrain war et schwéier ze spillen.