Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,11.11.2007 14.30h : Biwer - Tricolore 0:2 (0:0)
Wieder : staark bewölkt, frësch
Terrain : schmiereg
Zuschauer : 50
 
0:1 61' Schommer (Penalty), 0:2 79' Schommer
 
Verdéngt huet Tricolore den ganzen Asaatz zu Biwer krut.
 
Schon no 6' hat Tricolore eng Riesechance, wéi no engem direkt ausgeféierte Fräistouss, de Carlo Antonicelli de Ball fräi op de
5m geluescht krut, mee hien huet ouni Drock direkt op de Biwer Keeper geschoss. De Steve Krier am Tricolore Goal huet och
missen eng Superparade maachen. Tricolore hat nach weider Chancen, an de Michele Corallo huet mat engem Kappball de Poto
getraff. Tricolore huet d'Spill bestëmmt, mee Biwer huet och puer séier Virstéiss bruecht.
 
No der Paus huet Tricolore sech eng Véirelstonn vu Biwer zréckdrenge gelooss. Mat der éischter geféierlecher Aktioun no vir 
huet Tricolore dunn e Penalty zougesprach krut. De Filipe de Lemos ass op der lénkser Säit an de Strofraum gedrongen, ass 
geluescht ginn, an de fellegen Elefmeter ass secher vum Steven Schommer verwandelt ginn. Dueno hat Tricolore d'Spill am Grëff,
an de Roberto Rampino huet zwee mol d'Lat getraff. Weider Chancen si kläglech versiebt ginn. No enger Giel-Rouder Kaart
fir Biwer an der 76', huet de Steven Schommer an der 79' op 2:0 erhéischt, wéi hien um 2.Poto de Ball eragesat huet. Tricolore hat
nach weider gutt Chancen, awer zum Schluss ass Biwer nach eng Kéier opkomm an de Steve Krier huet missen nach säin ganzt
Können opweisen.
 
Op engem schwéier bespillbaren Terrain hat Tricolore vill Goalchancen an het kéinte säi Goalkonto nach méi eropschrauwen.
Verdéngt gewonnen.