Spillbericht Coupe de Luxembourg Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - Alliance Aischdall Hobscheid-Eischen 11:10 n pen. (3:3 n.V., 2:2 (1:0))

1:0 3' Da Rocha

1:1 55', 1:2 74', 2:2 82' Tria

2:3 105', 3:3 120' Dautbasic

 

Wieder : kal, naass, Reen

Terrain : bespillbar, awer Waasser drop

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Géint den Aischdall konnt sech Tricolore an der Coupe mat 11:10 no Penaltyschéissen behaapten.

No 3' ass Tricolore a Féierung gaang, no enger Flank vum Mino Tria huet den Orlando Da Rocha de Ball um 2.Poto eragesat. Dueno ass Aischdall besser opkomm. No etwa 30' huet Tricolore ërem méi dogéintgehal. An der 1.Period hat Aischdall och nach eng oder déi aner geféierlech Aktioun, Tricolore war an der Offensiv méi roueg ginn.

Déi 2.Halschent huet den Aischdall dominéiert an Tricolore hat Schwieregkeeten dogéintzehalen. Den 1:1 ass awer duerch e krassen Ofwierfeeler passéiert. No engem laange Säitewiesel vu riets vun der Mëttellinn war de Ball laang an der Loft, an Tricolore huet geduecht e géif ausgoen. Denkste, e Spiller vum Aischdall krut de Ball nach virun der Auselinn am Tricolore Strofraum, an huet de Ball locker eragesat. Aischdall war weider um Drécker an an der 74' konnt e Spiller am Tricolore Strofraum de Ball volley an d'Kräiz dreschen. Tricolore war offensiv weider roueg, konnt just puer geféierlech Aktiounen virweisen. An der 82' ass dunn awer nach den 2:2 gefall. Den Amer Dautbasic huet e Fräistouss vun der lénkser Auselinn (ongeféier bei der Büvett) an den Aischdaller Strofraum bruecht, an de Mino Tria konnt sech géint déi vill Ofwierspiller vum Aischdall behapten an huet mam Kapp markéiert.

An der Verlängerung hat Aischdall eng Riesechance, mee e Spiller huet ganz fräi am Tricolore Strofraum de Ball laangscht gesat. An der 105' ass den Aischdall nees a Féierung gaang : E Spiller huet e Fräistouss vun der lénkser Säit op der Grenz vum 16m Direktioun 2.Poto an de Wénkel gedrescht. Obwohl Aischdall de Mätch am Grëff hat, huet Tricolore nach an der leschter Minutt vun der Verlängerung zougeschloen, de Ball ass an den Aischdaller Strofraum bruecht ginn, d'Äischdaller Ofwier krut de Ball net fort, an de Amer Dautbasic huet um 5m de Ball eragesat.

Am Penaltyschéissen huet de Steve "Bip" Wolff den 2.Penalty gehal, mee leider huet den Ernis Osmanovic direkt säi Penalty knapp laangscht de Poto gesat. Déi nächst 6 Elefmeeter hu béid Equipen verwandelt. Beim Stand vu 7:7 huet dunn en Äischdaller Spiller de Ball laangscht gesat, den Kapitän Toy Virgulino huet säi Penalty verwandelt, an den Tricolore Anhang ass op den Terrain gestiermt fir ze feieren.

Obwohl Äischdall méi wibbleg war wéi Tricolore an och méi Goalchancen hat, huet Tricolore ni opginn. Domat steet Tricolore säit laangen mol ërem an der 5.Ronn.