Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 02.05.2014 20.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Sporting Bertrange 2:5 (0:4)

0:1 18' Bertrange, 0:2 25' Bertrange, 0:3 37' Bertrange, 0:4 40' Bertrange

1:4 48' David Pettinato, 1:5 69' Bertrange, 2:5 90' (+1') Florian Gonzalez

 

Wieder : staark bedeckt, Loft, frësch, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Eng weider kloer Nidderlag huet Tricolore géint Bartröng kasséiert. Domadder huet Tricolore déi lescht 6 Championnatsmätcher géint Bartréng verluer mat enger Goaldifferenz vun 2:26. Zumindest konnt dës Kéier Tricolore Bartréng 2X iwwerwannen an d'nächst Saison spillt Tricolore net méi géint Bartréng. Nees hat Tricolore missten d'Equip ëmstellen, wat een dann och am Mätch gesinn huet. Mat Dauer huet déi séier Bartrénger Equip den Drock op Tricolore erhéischt an esou stoung et 0:4 an der Paus. Tricolore ass dobäi awer bater bestroft ginn, well d'Equip huet gekämpft, mee Bartréng war effektiv. No vir hat Tricolore och 2 gutt Goalchancen. No der Paus huet dunn Tricolore d'Initiativ ergraff an hat Goalchancen, Tricolore huet och op 1:4 verkierzt.  No engem Ofwierfeeler huet dunn Bartréng op 1:5 erhéischt an d'Spill war gelaf. An der Nospillzäit huet dunn den Florian Gonzalez mat engem schäine Lob op 2:5 verkierzt.