Spillbericht Coupe de Luxembourg : Union 05 Kayl/Tétange  - FC Tricolore Gasperich 9:0 (2:0)

1:0 4', 2:0 24'

3:0 56', 4:0 60', 5:0 65', 6:0 69', 7:0 72', 8:0 82', 9:0 85'

 

Wieder : vill Reen

Terrain : déif

Zuschauer : 70

 

 

 

 

An der 4.Ronn vun der Coupe de Luxembourg huet Tricolore zu Téiteng en Debakel erliewt.

Schon an der 4' ass d'Lokalequip a Féierung gaang. Tricolore huet dueno gutt matgespillt a konnt de Mätch ausgeglach gestalten. Kayl/Téiteng hat awer e méi héigen Rythmus drop an huet besser kombinéiert. An der 24' ass dunn dann och den 2:0 gefall. Bis zur Paus ass du kee weidere Goal méi gefall, Tricolore ass nëmmen duerch Fräistéiss offensiv opgefall.

Déi 2.Halschent war eng eenzeg Katastroph, nom 3:0 an der 56' huet Tricolore sech ërem opginn an ass permanent iwwerlaf ginn. D'Equip huet versicht no vir eppes ze räissen, mee just d'Mëttelen hu gefeelt. Positiounen sinn net méi agehale ginn, Spiller sinn deelweis op der Felsch gelaf. Kaum Géigewier méi. Kayl/Téiteng huet weider en héigen Rythmus erhalen, deen Tricolore einfach net konnt mathalen. Esou ass Tricolore zum Spillball vun der Lokalequip ginn an zum Schluss war et 9:0.

Och wann Kayl/Téiteng méi en héigen Rythmus gespillt huet, huet Tricolore kee Mëttel dogéint fonnt an huet eng indiskutabel Leeschtung ofgeliwwert.