Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 14.10.2012 16.00h : FC Sporting Bertrange - FC Tricolore Gasperich 5:0 (2:0)

1:0 3', 2:0 32'

3:0 50', 4:0 54', 5:0 66'

 

Wieder : Reen, +- 10°

Terrain : déif, Bulli

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Tricolore huet zu Bartréng kollektiv enttäuscht an ass 5:0 ënnergaang.

Schon no 3' ass d'Lokalequip a Féierung gaangen, Tricolore ass op der rietser Säit iwwerlaf ginn, de Ball koum an d'Mëtt, ass am Wasserpull henke bliwwen an huet de Simon Leick am Goal iwwerrascht, an e Bartrénger Spiller huet agenetzt. Tricolore huet gutt matgespillt war awer offensiv quasi inexistent. Eng Kéier huet de Wasserpull Tricolore gehollef, well no engem Bartrénger Schoss ass de Ball am Bulli henkebliwwen. Bartréng konnt awer an der 32' op 2:0 erhéigen. An der 1.Halschent war Tricolore no vir en Totalausfall, a Bartréng huet konsequent d'Feeler an der Ofwier ausgenotzt.

Mat neiem Elan ass Tricolore an d'2.Halschent gestart, mee an der 50' konnt Bartréng op 3:0 erhéigen, no engem schéine Schoss vun engem Spiller aus 20m. 4' drop huet et nees am Tricolore Goal gerabbelt, an an der 66' huet Bartréng de 5:0 geschoss. Dueno war Tricolore offensiv méi aktiv hat och gutt Goalchancen, mee de Ball wollt net eran.

Op engem tristen Dag, et huet nëmme gereent, war d'Virstellung vun Tricolore och ganz trist. D'Equip muss sech nees rappen.