Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Sporting-Club Bettembourg 2:1 (1:1)

0:1 38', 1:1 45' (+1') Ribeiro

2:1 89' Rizvani

 

Wieder : sonneg, +- 15°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 100

 

 

 

Duerch eng besser 2.Halschent huet Tricolore verdéngt mat 2:1 géint Beetebuerg gewonn.

Déi 1.Halschent war bal fir anzeschlofen, keng Equip hat bis kuerz virun der Paus eng reel Goalchance opzeweisen. An der 38' dunn dann och den iwweraschenden 0:1, d'Tricolore Ofwier ass net eens ginn ween de Ball sollt huelen, e Beetebuerger Spiller huet dovunner profitéiert an huet de Ball aus +- 20m voll an den Eck gesat.  Virun der Paus hat dunn Tricolore e Korner, den Amer Dautbasic huet deen an de Beetebuerger Strofraum bruecht, an de Mike Ribeiro huet um 2.Poto mam Kapp eragesat.

Déi 2.Halschent huet Tricolore kloer dominéiert, mee hat Problemer fir d'Beetebuerger Ofwier ze "knacken". Chancen waren do fir Tricolore, mee si leider net genotzt ginn. Beetebuerg huet sech hannendra gestellt an hat nach kaum Offensivaktiounen. An der 89' ass dunn Tricolore belount ginn fir den Opwand, den Denis Rizvani ass duerchgaangen, an huet de Ball an d'Netz gehummert.

 

Duerch eng engagéiert Leeschtung an der 2.Halschent huet Tricolore den ganzen Asaatz krut.