Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 06.11.2011 14.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Syra Mensdorf 2:2 (2:0)

1:0 1' Sinanovic, 2:0 39' Sinanovic

2:1 50', 2:1 89'

 

Wieder : sonneg, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Leider huet Tricolore 2 Punkte géint Menster verspillt.

Schon no 25'' huet Tricolore den 1:0 geschoss, den Adel Sinanovic huet aus ...m ofgezunn, de Menster Keeper war iwwerrascht an de Ball ass am Goal geland. Dueno huet Tricolore weider Drock gemaach, den Adel Sinanovic hat eng Riesechanche, wéi hien alleng op den Goal gezunn ass, mee säi Schoss ass um Poto henke bliwwen. Tricolore war weider aggressiv, vu Mensdorf koum praktesch näischt. An der 39' huet dunn Tricolore endlech d'Féierung ausgebaut, nees war et den Adel Sinanovic, deen no engem Pass vum Ervin Ceman op 2:0 ausgebaut huet. 

Menster huet direkt no der Halschent op 2:1 verkierzt, wéi d'Tricolore Ofwier net am Bild war. Dueno war et en opene Mätch, Menster war méi offensiv, an Tricolore huet op Konter gelauert. Tricolore hat rieseg Konterchancen fir de Mätch ze entscheeden. Mee deelweis sinn déi Chancen kläglech vermasselt ginn. Menster huet weider no vir gespilllt an Tricolore hat hannen puer Problemer. An der 89' Minutt ass dunn Tricolore och brutal bestrooft ginn, e Spiller huet vu riets geflankt, an de Ball huet sech onglécklech fir d'Lokalequip op den 2.Poto an de Wénkel gesenkt. Dueno hate béid Equipen nach Riesechancen fir nach ze wannen. D'Moral vun Tricolore war e bëssen ugeschloen, de Spillertrainer vu Menster hat de Ball um Fouss fir ze markéiren, mee de Steve Volz am Tricolore Goal war um Posten. An der allerleschter Minutt dunn, hat den Adel Sinanovic e Fräistouss aus 25m nach op der Poto gesat, vill Leit hunn de Ball schon dobanne gesinn, mee en ass nees erausgesprongen. 

Gudden Assatz vun der ganzer Equip, de Mätch hett misse gewonne ginn, d'Moral ass gutt, d'Gléck wärt och nees eng Kéier op der Tricolore Säit sinn.