Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,02.12.2007 14.30h : Red Black/Egalité - Tricolore 1:2 (0:0)
Wieder : Reen, Wand, Stuerm
Terrain : voller Bulli, Waasserpill
Zuschauer : 70
 
1:0 49' , 1:1 80' Antonicelli, 1:2 84' De Lemos
 
Op engem schwéier bespillbaren Terrain : voller Bulli an vill Waaserpill, konnt Tricolore an de leschte 10' nach de Mätch dréien. 
 
Natiirlech hate béid Equipen Schwieregkeeten op dem Terrain e Spillopbau ze maachen, well oft de Ball ze séier ginn ass, oder
an de Waaserpill stieche bliwwen ass. Sou war et och net verwonnerlech dass d'Goalchancen rar waren. Zumols an der 1.Period
war net vill geféierlech Aktiounen ze verzeechne gewiescht.
 
No der Paus, huet d'Lokalequip direkt d'Initiativ ergraf, an ass dunn och an der 49' a Féierung gaange, wéi no engem Korner vu riets
e Red Black/Egalité Spiller mam Kapp eragesat huet. Dueno war d'Lokalequip weider um Drécker an het kéinte fir d'Virentscheedung
suergen. No 60' ass Tricolore dunn ërem besser an d'Spill komm an huet méi no vir gespillt. An der 80' ass de Marc Kunen am Strofraum un
de Ball koum, hien huet de Carlo Antonicelli agesat, deen de Ball aus kuerzer Distanz zum Ausgläich konnt verwerten. An der 84' ass dunn
de Filipe De Lemos op riets lancéiert ginn, hien ass Richtung Lokalgoal gezunn, an huet mat sengem Schoss dem Keeper keng Chance gelooss.
D'Freed am Tricolore Lager war natiirlech grouss, an d'Tricolore konnt de knappen Erfollëg iwwert d'Zäit bréngen.
 
Net vill Goalchancen , an Tricolore méi realistësch virum Goal.