Sonndeg, den 12.11.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - FC Münsbach 1:3 (1:1)

1:0 10' Schommer, 1:1 29', 1:2 75', 1:3 84'

An der Ufanksphas war Tricolore do, an an der 10' huet et geschellt, no engem Schoss vum Tomas Gonzalez, ass de Ball bei de Steven Schommer geland, an hien huet locker zum 1:0 eragesat. Dueno war Tricolore bewéit de Vierprong ze vertéidegen géint eng viv Mënsbecher Equip, déi d'Tricolore Ofwier a vill Schwieregkeete bruecht huet. D'Rechnung krut Tricolore dunn : an der 29' huet Mënsbech ausgeglach, vu lénks ass erageflankt ginn an e Mënsbecher Spiller konnt no engem Ofpraller zum 1:1 erasetzen. E Knaller aus +- 25m huet dunn den 1:2 bruecht an der 75'. Tricolore war beméit, d'Spill an de Grëff ze kréien, mee spilleresch Mengel waren op der Tricolore Säit ze erkennen, de Ball ass vu hannen einfach no fir geknuppt ginn. Ausser puer hallew Chancen war dunn op der Tricolore Säit net vill dran. Mënsbech war geféierlech an hat no der Paus gutt Chancen. An der 84' huet Mënsbech Tricolore Mëttelfeld ausgespillt an zum 1:3 konkreetiséiert. 

Tricolore Equip